Changer en langue française Sprache auf Deutsch umstellen
Menu

Lettre ouverte au gouvernement


Lettre ouverte de notre présidente Diane Dhur au gouvernement.
(lettre uniquement disponible en langue luxembourgeoise)

Een oppene Bréif un d’Regierung:

Objet: Tester benotzen fir de Besuch vu Kranken ze erméiglechen

Léif Memberen vun der Regierung,

All Dag kréie mir bei Omega 90 Uriff vu Mënschen, déi hirer Emotiounen, Ängschten a Roserei, zum Ausdrock bréngen. Sou zielt z.B. eng Enkelin, déi bei hirer Boma opgewuess ass an eng enk Bezéiung zu hier hat, dass si rosen an onglécklech ass. Si duerft hirer Boma am Spidol net Äddi soen an si an de leschte Deeg a Stonnen begleeden. Eppes, dat si hier schëlleg war, net nëmmen well si dankbar ass, wat d’Boma hiert ganzt Lierwen fir si gemaach huet. Nee, och well et dee Mënsch war, mat dem si am aller frousten war.

Eng Kolleegin huet mir de Moien vun hirer Trauregkeet erzielt, dass si hire Papp, den um stierwe läit, net am Spidol besichen dierf. Nëmmen hir Mamm huet d’Recht all 3. Dag laanscht ze goen. Dobäi huet si hien an de leschte Wochen, wéi hien lo krank ginn ass (net covid-19), och net dierfte gesinn. Et brauch een net ze erwänen, dass eng ‚Télévisite‘ déi physesch Präsenz an deem Fall net ersetze kann, ofgesinn dovun, dass déi Mënschen oft ze schwaach sinn, fir se iwwerhaapt duerchféieren ze kënnen.

Eis huet een Här ugeruff, deen an der leschter Phas vun senger Krankheet, seng kleng Enkelen, mat deenen hien ëmmer vill zesummen war, onbedéngt nach wollt gesinn. De Mann huet sech an senge leschten Deeg domat befaasse missen, ob hien seng Enkelen nach eng Kéier rëmgesäit, eng Laascht, déi hien virun sengem Dout och net méi geholl krut.

Dir maacht, als Regierung, alles wat dir kënnt, fir eis alleguer esou gutt wéi méiglech duerch déi Kris ze manövréieren. Dir schafft vill an dir hutt op alles ze uechten. Ech gesinn eis bei Omega 90 an der Flicht, iech ze beroden, wat den Ëmgang mat Palliativpatienten a mam Stierwen ugeet. Et geet och net nëmmen dorëms, wat d’Leit elo erdroen sollen, mussen oder kënnen. Et geet drëms grouss Kollateralschied ze vermeiden an dass déi Suergen, déi mer, no der Kris hunn, net vill méi enorm sinn, wéi de Risiko, deen mer elo aginn. Hei muss eng Balance hiergestallt ginn!

Ech wëll do net vun Mënscherechter schwätzen oder vun de Rechter, déi am Palliativgesetz stinn. Ech wëll dorop agoen, wéi mir am gaange sinn d’Trauerprozesser bei den Hannerbliwwenen ze verlängeren oder esou komplizéiert ze maachen, dass d’Leit krank dovu ginn. Ech wëll hiweisen op all déi Professionell, déi mer an Zukunft brauche wäerten, fir d’Leit erëm gesond ze maachen an ech schwätzen och lo vun de Käschten, déi dat mat sech bréngt, wann d’Mënschen psychesch net méi funktionéieren, well si an enger schwéierer Epreuve an hirem Liewen net déi Minimalkonditiounen kruten, déi se brauchen fir se ze meeschteren.

D’Mme Lenert an den Här Meisch hu viru kuerzem déi vill disponibel Tester ugekënnegt. Loosst d’Leit sech testen, iert se bei de stierweskranke Familjemember ginn,  mee loosst se w.e.g. ënnert de néidegen Sécherheetsmesuren, an d’Klinik bei hir Léif goen, déi um Stierwe leien!

Zum Schluss wëll ech betounen, dass ech, léif Regierungsmemberen, ganz gutt nofille kann, wéi schwéier d’Decisiounen sinn, déi dir treffe musst. Dir lieft am Moment dagdeeglech den Dilemma tëscht der Autonomie vun de Leit an den allgemengen Interessen, tëscht der Gesondheetslogik an der Mënschlechkeet, tëscht der Rechtsstaatlechkeet an de Grenze vu politescher Muecht. Ech wënschen eis alleguer, dass dir esou séier wéi méiglech heiran eng wichteg Decisioun huelt.

Diane Dhur

Bénévole an der Stierfbegleedung
Präsidentin vum Omega 90