Chantal

Schwätzt lëtzebuergesch, däitsch an franzéich;
2018/19 meng formatioun bei Omega 90 gemâch an zenter 2020 Bénévole op enger Palliativstatioun.
Ech si gäre Bénévole bei Omega 90 well:
- ech dat schon emmer mâche wollt,
- et fir mech wichteg ass engem Kranken an senger Famill e bessi vu menger Zeit ze schenken, fir se do ze sin, hinnen nô ze lauschteren, an se e Steck weit op hierem Wee ze begleeden - munchmol bis un d'Enn,
- krank sin, Doud an Trauer fir mech keen Tabuthema sin,
- ausserdem leiert et mech Dankbarkeet, Gedold an Geloossenheet.
- Zeit verbrenge mat menger Famill a Frenn;
- mat mengem Mupp "Pino" ganz vill a weit spazeiere goen;
- ech kachen a bâken gär, liesen ganz vill, a mein absoluten Hobby as strecken an häkelen



Wat mech frouh mécht:
- vun Härze lachen a mat Kanner spillen,
- Zeit verbrengen mat Leit die ech gären hun,
- Reesen
Mein Lieblings-
- Kuch: Kèistaart
- Land: Afrika
- Blumm: Gladiolen